D’Fondation Jeunes Scientifiques Lëtzebuerg organiséiert all Joer de Concours national «Jonk Fuerscher».
All Jonker déi un Wëssenschaften am wäitste Sënn interesséiert sinn, kënnen deelhuelen andeems si en eegene Projet/Aarbecht erareechen.

De Concours ass eng gutt Geleeënheet fir an d’Welt vun der Wëssenschaft eran ze kommen, interessant Léit kennen ze léieren déi di nämmlecht Interessi hunn, seng Iddi oder säi Projet ze maachen, dem public en ze weisen an natierlech och e coole Präis ze gewannen.


De nächste CONCOURS NATIONAL «JONK FUERSCHER» ass

de WEEKEND vum 23/24 MÄERZ 2019

Ënnerstëtzt vum Fonds Nationals de la Recherche an vum Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Unerkannt vun UNESCO

Léif alleguer, d’Inscriptiounen sinn elo offiziell ofgeschloss!


Wéi huelen ech deel?

Spillreegelen a Konditiounen:

  • tëscht 11 an 21 Joer al sinn

  • am Grand-Duché wunnen an/oder an d'Schoul goen

  • un Wëssenschaft interesséiert sinn, sief et Humanwëssenschaften, STEM nei Technologien asw.

  • capabel a prett si fir en eegene Projet ze maachen, deng Iddi ze erklären an eventuell ze realiséieren an deng Aabescht och ze präsentéieren

  • alleng oder an enger Grupp vu max. 3 Léit sinn

  • e wëssenschaftleche Dokument era gi vu max. 5-10 DinA4 Saiten

  • de ganzen Dag vum Concours do sinn

Weider Detailer fënnst Du an der Lescht mat den Reegelen. 

Domänen: 

Et ass Der komplett fräi iwerloos iwer wat Du Deng Aabescht maachen kannst. De Projet kann och e puer Domänen betreffen – wat wichteg ass ass di wëssenschaftlech Approche fir de Projet ze maachen. 

JFLJpgs-28.jpg
  • Bio

  • Chimie

  • Informatik

  • Ingenieurwissenschaften

  • Ëmwelt

  • Robotik

  • Mathematik

  • Medizin

  • Physik

  • Sciences sociales

  • a villes méi

Inscriptioun an Verlaaf vum Concours: 

Fir um Concours deelzehulen, musst Du Dech natierlech firtéicht aschreiwen. No der Unmellung, liesen mir Deng Ufro duerch an loossen Dech an Deng Grupp esou séier wéi méiglech wessen ob dir fir de Concours zougelooss sidd. Am Cas vun enger Confiramtioun schecken mer Dir eng Bestätigung (Mail), déi Du w.e.g. ënnerschreiwen an eis zréck ginn sollst. Wann Der ënner 18 Joer sidd, brauche mer d‘Ënneschrëft vun Ären Elteren oder vun Ärem legalen Tuteur. Zum Schluss krist Du nach e leschte Formulaire (Aschreiwformulaire 2) vun eis gescheckt, den all di Daten vun den international Eventer dropstoen huet. Fell dat Dokument w.e.g. mat dengen Disponibilitéiten aus domader eis d’Organisatioun méi einfach gemaah gett.

Keng Anscht, Du an Dain Team sidd net eleng ! Dofir hutt Der Är Tuteurs déi Äre Projet encadréieren (zB Äre Proff, Bekannten, Elteren, Famill oder soss eng Persoun déi sech an der Matière auskennt ) an eis, d‘FJSL déi do sinn fir Iech ze ënnerstëtzen am Kader vun eisem Reglement. Dir kënnt och bei eis laanscht kommen um Geesseknäppchen oder eis mailen an telefonéieren.

No dems Du Dech ugemellt, un Dengem Projeet geschafft an däin wëssenschaftleche Dokument oofginn hues, bleiwt nemen nach d'Präsentatioun firum Jury an den Concours selwer. 

D’Deadline fir alles anzereechen (Dossier an d’Inscriptioun) ass den 22. Februar 2019!

W.e.g. scheckt d’Aschreiwformulaire 1 op: register@fjsl.lu

Plagiater & Breveten:

Fir sécher ze stellen dat dir net engem aneren hiert Aabescht kopéiert an fir en Iwwerbléck iwwer ähnlech Projeten wéi den ären ze kréien, kléckt op den heiten Link: https://worldwide.espacenet.com/

Falls dir mat dem Tool net eens gitt, oder allgemeng Froen iwwer d'Plattform hutt, dann kontaktéiert w.e.g. M. Serge Quazzotti (Direkter vun der IPIL): serge.quazzotti@ipil.lu.


Praktesch Infoen

Panneauen

Mir stellen iech zwou verschidden Panneauen zur Verfügung :

2m x 1m (Héicht x Breet)
1,22m x 1,74m (Héicht x Breet)

All Projet kritt entweder zwou 2x1 Panneauen, oder een 1,22x1,74 Panneau. W.e.g. passt op dat är(e) Pouster(en) net méi grouss ewéi DinA0 (841mm x 1189mm) ass/sinn.

Dëscher

Eis Dëscher sinn 80cm x 80cm grouss.
All Projet wiert 1-2 Dëscher zur Verfügung gestallt kréien. Merci fir eis am Viraus Bescheed ze ginn wéi vill Dëscher dir brauchen wiert.

Waasser/Elektrescht/Internet

Merci fir eis per Mail am Viraus Bescheed ze ginn wann dir Waasser, Elektrescht oder Internet brauchen wiert.
Den Passwuert fir den Wi-Fi wiert um Entrée vun der Venue ausgehaange ginn.


Jury

M Serge Quazzotti : Président vum Jury & Directeur vun der IPIL (Institut de la Propriété Intellectuelle Luxembourg); Doctor an der Chimie
M Yannick Gaasch : Student an der Philosophie
Mme Christelle Bahlawane : Project Manager am Biobanking; spezialiséiert an der Biologie moléculaire an Microbiologie
M Philippe Servais : Doctor an der Pharmacie; Pharmacien
M Félix Nothar : Ingénieur
M Jean-François Hausman : Biologist am LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology)
Mme Valérie Maquil : Schafft am “IT Innovative Services” beim LIST: Expertise am IT
M Janusz Bodek : Historiker
M Sébastien Wiertz : General Manager vum InCub beim Paul Wurth; Ingénieur


Stän

Program vum Concours National 2019


Jpgs small auswahl-36.jpg

PRÄISSER

Jiddereen den sech d’Méi gemaach huet trotz Schoul a Fräizäitstress e Projet ze maachen, huet e Präis verdéngt  

 Lëscht vun de Präisser :

EUCYS
(gesponsored vun de Commission Européenne)

European Union Contest for Young Scientists ass de gréisste Wëssenschaftsconcours an Europa den all Joer an enger anerer europäischer Haaptstadt organiséiert gett. Den Concours ass op fir jidfereen tëtscht 14 an 21 Joer. 

LIYSF
(gesponsored vun der Fondation Alphonse Weicker)
London International Youth Science Forum ass e Forum wou all Joer méi wéi 350 Jonker aus méi wéi 50 Länner zesummenkommen- mat Virliesungen, Workshops, Visitten vu centres de recherche a sightseeing zu London. Alter : 17 – 21 Joer 

Intel ISEF
(gesponsered duerch Capitalatwork)  
International Science and Engineering Fair de gréisste Wëssenschaftsconcours an den USA mat méi wéi 1500 Participants aus méi wéi 70 Länner. Fennt al Joer an enger aner Stad : Los Angeles, Pittsburgh an Phoenix.
Alter : 15 - 19 Joer. 

ESI/ESE
(nach net gesponsored) 

Expo Sciences International / Expo Sciences Europe ass eng Austellung vu Projekter di vum MILSET (Mouvement International pour le Loisir Scientifique et Technique) organiséiert gëtt.
Alter : 11-21 Joer.

CASTIC
(gesponsered duerch d’ Fondatioun Nicolas an Jean Paul Lanners) 
China Adolescents Science and Technology Innovation Contest ass de gréisste Wëssenschaftsconcours a China.
Alter : 12 - 20 Joer. 

International Wildlife Research Week
(nach net gesponsered)
Eng Woch an den Alpen an der Schwäiz – Schwéierpunkt Natur
Alter 16-21  Joer.

Amusciences
(duerch dons financéiert)
1-2 Wochen an der Belgsch (Workshops, sightseeing, etc.).
Alter : 11 -15 Joer. 

 EAC Workshop an Visite
(gesponsored duerch SOGEPROM)

En interactive Workshops am DLR Köln (Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt ).  
Alter : ab 12. 

ERASMUS+ Programme d'échange
(gesponsored duerch Anefore)

Expoen a Concouren déi an 5 verschiden Länner organiséiert ginn - Lëtzebuerg, Maroc, Belgsch, Frankräisch a Spuenien. 
Alter: 11-21 Joer.

TISF Taiwan
(gesponsored duerch Paul Wurth)
Taiwan International Science Fair ass en internationale Concours a Taiwan.
Alter : 14 - 20 Joer. 

Paräis mol Anescht
(gesponsored duerch Electrobobinages Paul Zwick) 

Eng wëssenschaftlech Rees op Paräis, mat verschiden Visiten an Exkursiounen. 
Alter: 11 - 21 Joer. 

YSM
(gesponsored duerch E-Skills for Jobs, Prix Mady Delvaux)
Youth Science Meeting ass eng Versammlung/Konferenz vun Jonker a Portugal
Alter :16 - 25 Joer. 


JFLJpgs-20.jpg

Projets 2019

Wëesenschaftsrees op Paräis (14 – 16 Juin): Sponsorisé par Electrobobinage Paul Zwick

  • Nadine HAAS (Lycée Hubert Clément Esch/Alzette)
    Mariana Almeida RODRIGUEZ (Lycée Hubert Clément Esch/Alzette)
    ”Herstellung von Sonnencreme und Bestimmung des Lichtschutzfaktors”

  • Mariana NUNES DIAS (Lycée Michel Lucius)
    ”Les enjeux de la qualité de l'eau”

  • Gaspar ARVAI (Lycée Michel Lucius)
    Maximilian Gustav GERLINGS (Lycée Michel Lucius)
    ”The ever rolling ball, a model of perpetual motion”

  • Valéria MASCHEVA (European School I)
    Melina Argyrou (European School I)
    ”Does the flawless diet exist?”

  • Tobias Bastian OBEL (International School of Luxembourg)
    Joseph THAM (International School of LUxembourg)
    ”Avocados in different solutions”

  • Naz TOYGAR (International School of Luxembourg)
    ”Factors that affect the digestion of proteins in gastric acid”

  • Alina Jade LIEDTKE (International School of Luxembourg)
    Ishaana Mushunuri RAO (International School of Luxembourg)
    ”Robots: Small ways they can effectively impact the world”

  • Carl Mattias DACKNER (International School of Luxembourg)
    Ari Samuel THAM (International School of Luxembourg)
    Jaron Robert SHEPRO (International School of Luxembourg)
    ”Germination of different seeds”

  • Jordan VAN ZANDT (International School of Luxembourg)
    Erik NACKBERG (International School of Luxembourg)
    ”Fruit and Vegetable batteries”

Le Printemps des sciences – Maroc (19-23 Abrël): Sponsorisé par Anefore de la Commission Européenne

  • Ashiqul ISLAM (Lycée Arts et Métiers)
    ”H2O - Lebensgrundlage des menschlichen Körpers”

  • Alexandre BAPTISTA (Lycée Michel Lucius)
    Félix DE VLEESCHAUER (Lycée Michel Lucius)
    Zheng Zhu (Lycée Michel Lucius)
    Zhentrifuge”

I love Sciences – Bruxels (24 – 28 Abrël): Sponsorisé par Anefore de la Commission Européenne

  • Marcus Bjorn DACKNER (International School of Luxembourg)
    Samuel WEISZ (International School of Luxembourg)
    ”The Multigenerator”

  • Myriam Alexandra BARTOLÉ (École Privée Notre-Dame Sainte-Sophie)
    ”Does a creek have the same biological function as an aquarium?”

  • Augustin RENDU (Lycée Michel Lucius)
    ”Complete meal, nutrients and caloric value”

Expo C Génial – Paris (24 – 26 Mee): Sponsorisé par FJSL

  • Zofia MACHULA (European School I)
    Amélia Maria LECH (European School I)
    Luckasz Piotr ZAJAC (European School I)
    ”Doors of the future”

  • Giustina VON KAMEKE (European School I)
    ”LuFtiG”

Expo régionale Cirasti – Toulouse (5 – 9 Juni): Sponsorisé par Anefore de la Commission Européenne

  • Daria NIKOLOVA (European School I)
    Eléonora MANNINO (European School II)
    ”Social Media and our perception of Beauty”

  • Anna BATMANOVA (Lycée Michel Lucius)
    Jennifer MICHAEL (Lycée Michel Lucius)
    ”Antigen-Antibody binding”

International Youth Congress – Zaragossa (24 – 28 Juni): Sponsorisé par Anefore de la Commission Européenne

  • Nor Aimi Sefex AFENDAY (Lycée Michel Lucius)
    Nhu Khanh LE (Lycée Michel Lucius)
    Nityapriya HARI KRISHNAN (Lycée Michel Lucius)
    ”Investigating the antibacterial properties of honey”

DLR – Cologne (10 – 12 Abrël): Sponsorisé par Sogeprom

  • Yannis DEMOUTIEZ (Lycée Ermesinde)
    Noah STEVENS (Lycée Ermesinde)
    Christophe LUIS (Lycée Ermesinde)
    ”Analysis of the Blackett effect based on the detected cosmic muon flux with the AMD5 detector”

Expo-Sciences MILSET – Abu Dhabi (21 – 25 Septembre): Sponsorisé par Ralph Letsch, representant du prix Hugo Gernsback

  • Niccolo HURST (Imperial College London)
    "Capscrew" A bottle opener for people with reduced wrist dexterity”

  • Lucas KOOY (Lycée Michel Lucius)
    Oscar VAN BOMMEL (Lycée Michel Lucius)
    ”Game theory in practice”

Amusciences – Poix St-Hubert (17 – 26 August): Sponsorisé par eSkills par Mady Delvaux

  • Avanti SHARMA (European School I)
    Leva STAUSKAITE (European School I)
    Madara THEIN (European School I)
    ”Smart Cap”

Youth Science Meeting – Coimbra (23 – 30 Juli): Sponsorisé par eSkills par Mady Delvaux

  • Alex COWAN (International School of Luxembourg)
    Eunju MOON (International School of Luxembourg)
    Seongmin PARK (International School of Luxembourg)
    ”Mycelium for future”

LIYSF – London (24 July – 7 August): Sponsorisé par la Fondation Alphonse Weicker

  • Jean-Marc FURLANO (Attert Lycée Rédange)
    Emily CORDIER (Attert Lycée Rédange)
    Sylvia Anne SOARES PEREIRA (Attert Lycée Rédange)
    ”Immunogenic nucleic polypeptide complex for influenza virus neutralisation”

TISF – Taipei (Enn Januar): Sponsorisé par Paul Wurth

  • Jim WELTER (Attert Lycée Rédange)
    Noah EDERT (Attert Lycée Rédange)
    ”Medical uses of Polyporus versicolor and practical applicaton in humanitarian problem areas”

EUCYS – Sofia (20 – 25 Septermbre): Sponsorisé par la Commission Européenne

  • Dylan RAMSURRUN (Lycée Michel Lucius)
    Anaïs Marjorie CROQUET (Lycée Michel Lucius)
    Marie Morgane CROQUET (Lycée Michel Lucius)
    ”Let there be(e) Glyphosate”

  • Marina YAKUBOVA (Lycée Aline Mayrisch)
    ”Putin's Russia and how do young people react to it”

CASTIC – Macao (20 – 26 Juli): Sponsorisé par Fondation Nicolas et Jean-Paul Lanners

  • Krzesimir HYZYK (European School I)
    ”Safe trip home from school”

Intel ISEF – Phoenix (12 – 17 Mee): Sponsorisé par Capital@work

  • Henri AHOLA (European School I)
    ”8-bit CPU Visualizer”

  • Marie BARBERON (International School of Luxembourg)
    ”The fractal structure of the bronchial tree”

ISSI – Israel (2 – 25 Juli): Sponsorisé par Fondation Matanel

  • Camilla HURST (University of Oxford)
    ”The Wheelchair Accessibility Belt”