Fondatioun Jeunes Scientifiques Luxembourg (F.J.S.L) ass eng fondation d’utilité publique fir jonk Léit zu Lëtzebuerg u Wëssenschaft (Natur a Sozial-Wëssenschaften) ze begeeschteren an deem si hinnen eng Plattform bitt wou si hir Aarbecht a Projet kënne weisen an Accès kréien op weider international Concours, Fore a Workshoppen. De Concours ass och Gelleeënheet jonk Laureaten kennen ze léieren aus änner Länner déi hire Projet zu Lëtzebuerg weise kommen am Kader vun der Expo-Sciences déi och all Joer vun der FJSL organiséiert gëtt zesumme mam Concours National.

Um nationale Niveau schafft FJSL am direkte Partenariat zesumme mam Service National de la Jeunesse, dem Ministère de l’Éducation nationale, dem Mérite Jeunesse, der Uni.lu,  dem Naturmusée,  an aner Institutiounen. 

Um internationalen Niveau ass F.J.S.L. membre fondateur vum MILSET (Mouvement International pour le Loisir Scientifique et Technique) an de Concours national den FJSL all Joer organiséiert, ass unerkannt duerch d’UNESCO. Des weideren ass FJSL déi eenzeg Organisatioun déi unerkannt ass fir Laureaten op verschidde bekannte Concours a Foren am Ausland ze schécken. 

2017 krut F.J.S.L. de haut patronage de SAR dem Grand-Duc. 


ORGANIGRAMME

Direktioun: 

  • Sousana Eang – Direktësch (sousana@fjsl.lu)

  • Natalia Slioutova – Direktiounsassistentin (natalia@fjsl.lu)

Conseil d’administration:  

  • Carlo Hansen – Präsident

  • Paul Heuschling – Vice-Präsident

  • Emmanuel Servais – Trésorier

  • Cristina Florean – Secrétaire

  • Simone Thill – Member

  • Lucien Hoffmann – Member

  • Ben Thuy – Member


Bureau

Forum Campus Geesseknäppchen
40, bd Pierre Dupong
L-1430 Luxembourg 

B.P. 1387
L-1013 Luxembourg 

Hotline: 00352 661 562 732 

Öffnunszäiten:

Direktioun: Mei - Fr (9:00 - 18:00)
Direktiounsass./Koordinatioun: Mei - Fr (9:30 - 14:30)